Martin Skytte

De Martin Skytte, gestuerwe 1550, war ee schweedesche Geeschtlechen a Bëschof, deen d'Ëmstellung vu sengem Land, inklusiv Finnland, op de Protestantismus ageleet huet.

De Martin Skytte, deen Dominikanermënch gi war, gouf der Rei no Prior vum Dominikanerklouschter vu Sigtuna, Generolvikar vu sengem Uerden a Schweden a Visitator a Skandinavien. Hie stoung dem Kinnek Gustav I. Wasa ganz no a gouf vun deem, ouni poopstlech Zoustëmmung, 1528 zum Bëschof vun Turku (Abå) a Finnland ernannt. De Skytte war awer ee Mann vum Ausgläich an huet nach keen abrupte Broch mat de kathouleschen Traditioune gepriedegt, och wa Schweden deemools, mat der Ënnerstëtzung vum Kinnek, um beschte Wee war, fir definitiv protestantesch ze ginn. Dem Skytte säin Nofollger zu Turku, de Mikael Agricola, gëllt allerdéngs als de Reformateur vu Finnland.


From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Tubidy